Andréck aus der Produktioun

En authentesche Bléck hannert d'Kulisse vu mengem klengen Atelier  Vum réien Tounklompen  op der Töpferscheif bis hin zu handgemaachten Eenzelstécker fir besonnesch Geleeënheeten an den Alldag – hei entstinn Objete mat vill Charakter, wäit ewech vun industrieller "Perfektioun".

D'Schaffen op der Scheif

All Stéck fänkt als réien Toun op der Töpferscheif un. Amplaz eenheetlech Formen ze benotzen, setzen ech op dat authentescht Handwierk, d'Stécker vun Hand ze dréinen oder se ze gestallten. Fir mech leie wierklech Individualitéit a Schéinheet net an engem feelerfräien, standardiséierte Resultat, mee éischter an de feinen Nuancë vum Onperfekten.

Charakter duerch Schamott an Toun

Ofhängeg vum geduechte Verwendungszweck vum Objet komme suergfälteg ausgewielt Tounzorten  zum Asaz – Wielen zwëschen onschamottéiertem Dréitoun bis hin zu robuste Varianten, déi mat vill Schamott versat sinn. Dës Textur verleit Tasen, Schosselen a Gefäässer eng natierlech Haptik, Haltbarkeet an en onverkennbare Charakter.

Virbereedung op d'Feierdeeg, Festdeeg

Ouschteren, Chrëschtdag, d'Oktave, d'Sprangpressessioun eng Daf an der Famill – fir mech, als praktizéierende Chrëscht, sinn déi verschidde Feierdeeg am Laf vum Joer an déi dozou gehéierend Bräich e wesentlechen Deel vum Liewen. Si ginn dem Joer e Rhythmus a bréngen d'Leit zesummen – um Dësch, an der Kierch oder um Maart. A mengem Atelier schafen ech Stécker, déi zu dësen Uleies passen: vun Ouschterdekoratioun bis hin zu Artikele fir de Chrëschtmaart. Am Fréijoer fannt Dir bei mir Huesen, Eeërbecher a kleng Ouschterschësselcher; am Hierscht fänken ech un Krëppercher, Stären a Käerzestänneren asw. fir d'Adventszäit hierzestellen. Ech maachen och gär personaliséiert Stécker fir déi grouss Etappen am Liewen: z.B en Dafteller oder Dëppercher fir Dragéen mat Numm an Datum, eng Erënnerung un d'éischt Kommioun oder en Hochzäitsgeschenk. Awer och Kaddoe fir e Gebuertsdag oder soss e Fest oder Geschier fir de Fest an Alldag.  Sot mir einfach, ëm wat fir en Uleies et sech handelt, an mir fannen zesummen dat perfekt Stéck. A well net all Dag e Feierdag ass, maachen ech och robust Geschier fir den Alldag – Tasen, Telleren a Schosselen, déi gutt an der Hand leien an sech perfekt fir d'Spullmaschinn eegenen.

Biller aus der Produktioun

Entdeckt meng Sammlung vu kreativen Aarbechten a visuelle Projeten. All Stéck spigelt meng Léift zum Detail erëm, souwéi mäin Engagement, Resultater ze liwweren, déi d'Erwaardungen iwwertreffen.