Zu menger Persoun:

  • Christophe Ludovicy, gebuer 1973, bestuet mam Andrea a Papp vun de Kanner Léonie a Charel
  • Fräischaffend - diploméierte Keramiker - Dozent e.a am Fachberäich Demenz, Lëtzebuerger Sitten a Bräich - Councelor grad. a Begegnungstherapie
  • Interesséiert u Lëtzebuerger Geschicht a grousse Sammler von allem wat mat der Lëtzebuerger Monarchie ze dinn huet

D’Emsetzung vun der Gedenktafel:

D'Iddi zur Ëmsetzung vun dëser Éiereplaquette koum mir ganz séier. An der aler Traditioun, fir besonnesch Deeg an der Geschicht vun onser Monarchie, goufen  ëmmer  Éiereplaquetten  hiergestallt. Meeschtens war et de deselwechten Avers vum Souverän  wéi op der Mënz. Ech wollt dës nitt festgeluechten Traditioun briechen, an de neie Monogramm an de Mëttelpunkt stellen. Dës einfach an zäitlos gehale Plaquette soll déi natierlech, oppen a sympathesch  Aart a Weis vun onsem neie Souverän ënnersträichen.

 

(©Foto.Privat)

 

 

 Um Bild gesi Dir eng vun de Mullen déi ech hiergestallt hunn, fir an d'Produktioun ze goen

 

Zum Monogramm

D’Maison du Grand-Duc huet de Monogramm vum Grand-Duc Guillaume vun der Grafikdesignerin Yolande Koster-Kaiser ausschaffe geloos, dee formell vum 3. Oktober 2025 u benotzt gëtt 

De Monogramm mat den zwee Buschtawen „G“ ass symmetresch gespigelt an huet uewendriwwer eng Kroun. Dëse kënnt op d‘Uniforme vun der Arméi, der Police, der Administration pénitentiaire, der Douane an dem CGDIS an ass den offizielle Symbol vum zukünftege Grand-Duc.

 

(©Foto.Privat)

Den Historique

D'Kreatioun vun dësem neie Monogramm baséiert op enger historescher Analys vun der Kënschtlerin. Véier verschidde Fäll goufen identifizéiert: 

  • Den duebele Virnumm mat symmetreschen Initialen (Marie-Adelaïde)
  • Den einfache Virnumm mat net-symmetreschen Initialen (Jean)
  • Den einfache Virnumm mat symmetreschen Initialen (Henri)
  • An - als Ausnam - den einfache Virnumm mat zwee net symmetresche Buschtawen „C“ an engem klengen „h“ (Charlotte).

E symmetresche Buschtaf ass e Buschtaf, deem säi Reflet am Spigel sech net verännert. Eng ganz Rei grouss Buschtawen hunn dës Eegenschaft par Rapport zu der vertikaler Ax: A, H, I, M, O, T, U, V, W, X, Y. Den C, de J an de G sinn net-symmetresch Buschtawen. 

 

©FOTO Privat: De Groussherzog Guillaume, meng Fra Andrea an ech

 

(Quell © fräi no: https://monarchie.lu/lu/trounwiessel-de-monogramm-vum-zukunftege-grand-duc-guillaume)